L’ENTREPRISE

D’Schräinerei Philippe Seimetz ass e klenge Betrib, dee sech 2018 op d’Bee gestallt huet.

Als kleng Schräinerei kënne mer en enken a flexible Kontakt mam Client fleegen. Mer maache Schräineraarbechten am Haus souwéi Renovatiounen, Reparaturen an Holzkonstruktioune rondrëm d’Haus. Och fir kleng Opträg sti mer gären zur Verfügung. Mer verschaffe Massivholz an Holzwierkstoffer kombinéiert mat anere Materialien wéi Glas, Metall asw.